> Rout Bréck
Dës Ëmfro vun 10 Froen ass en Deel vun der Recherche vir d'Elaboratioun vun enger urbaner Legend vun der Stad Lëtzebuerg. Den Zweck vun dëser Ëmfro ass d'Präsenz vun der rouder Bréck am Imaginaire vu Lëtzebuerg a Regioun ze visualiséieren. WEG äntwert esou spontan ewéi méiglech op déi 10 Froen. WEG schéckt dëst un esou vill Persoune virun ewéi méiglech.
All Feedback ass wëllkomm. Merci vir är Collaboratioun, ech halen iech um lafenden. Äntwerten a Kontakt: routbreck@shaaf.biz
01 Wourun denkt Dir wann Dir d' "Bréck Grande Duchesse Charlotte", och "Rout Bréck" genannt, gesid?
02 Wat wësst Dir iwwert' Rout Bréck?
03 Wéi eng Detailer kennt Dir iwwert d'Entstoe vun der rouder Bréck?
04 Wat wësst Dir iwwert d'Entwécklung vun der rouder Bréck?
05 Wéi oft gidd / fuert dir iwwert Bréck?
06 Wéi oft gidd dir ënnert der rouder Bréck duerch?
07 Wat gefält iech net un der rouder Bréck?
08 Wat gefält iech un der rouder Bréck?
09 Wéi eng Rumeur'e kennt Dir iwwert d'Rout Bréck?
10 Wéi eng Witzer oder Anekdote kennt Dir iwwert d'Rout Bréck?